Wat
ass d' "virtuell" Vëlos-Randonnée?
Du fiers zwëscht dem 1. an dem 4. Juli e sportlechen
Tour mam Vëlo (Mountainbike (8-30km) oder Stroossevëlo
(10-60km) ) an dokumentéiers dat.
Opgepasst!
D'Sécherheet
huet absolut Prioritéit. Do e Casque un fir ze fueren,
fuer nëmme Weeër déi's de kenns a wanns de
net gewinnt bass op der Strooss ze fueren, da fuer léiwer
op Vëlosweeër, Feldweeër oder Bëschweeër
;-) De Code de la Route ass ëmmer an iwwerall ze
respektéieren. Well et eng Fräizäitaktivitéit ass an net vun der
Schoul surveilléiert, ass d'Participatioun op eege Gefor.
Wie ka matmaachen?
All Schüler an all Proff mat engem 365-Zougang (school.lu
oder education.lu)
Wéi
kann ech matmaachen?
Dro däin Numm, deng Schoul an deng Kilometeren, déi's
de deen Dag gefuer bass zesumme mat mindestens enger Foto (Foto
um Vëlo, Garmin, Tracker...) am Teams-LASEL-Allgemein
vun der LASEL an.
Wéi
kommen ech am beschten op dee Kanal?
Am beschte mells de dech fir d'éischt am Teams (online
am Browser oder an der App) un a klicks dann op de
Teams-LASEL-Allgemein
.
Oder du sichs de Kanal am Teams mat "Einem Team beitreten"
a sichs no "LASEL" oder gëss de Code an: g7kshh1
|